Konsdref aus enger anerer Perspektiv entdecken

Den 18. Oktober 2026 huet d’KuPa – Kultur & Patrimoine Konsdref am Kader vun de “Journées européennes du patrimoine 2026” op ee guidéierten Trëppeltour agelueden, wou den architektonesche Patrimoine am Mëttelpunkt stoung.

Den Tour, geleet vum KuPa-President André Kirsch, huet déi interesséiert Leit op eng spannend Entdeckungsrees duerch d'Geschicht an d'Entwécklung vu Konsdref matgeholl: vun den Häff an Handwierkerhaiser iwwer den Tourismus bis bei d'Spuere vum Zweete Weltkrich.

Den Nomëtteg stoung awer och ënnert dem Thema vun den JEP vun dësem Joer “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer”. Besonnesch eisen touristesche Patrimoine waart deelweis op nei Proprietairen an nei Notzungen, een Defi deen unzegoen ass wann en engersäits de Boom vum Tourismus an och d’Wunnengsnout bedenkt. Et goufen awer och vill positiv Beispiller gewisen, mat gudde Restauratiounen a sënnvollen Neinotzungen.