Table Ronde „Eis Kierchen am Wandel – Tësche Traditioun an neien Notzungen?“
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kader vun der Ouverture vun der temporärer Niklosexpo an der Kierch vu Konsdref hat de Veräin Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa) den 11. September 2026 op eng Table Ronde mam Titel „Eis Kierchen am Wandel – Tësche Traditioun an neien Notzungen?“ invitéiert.
D’Fro, wéi sech eis Kierchen, hir Roll an der Gesellschaft an och hir Notzung am Laf vun der Zäit verännert hunn, huet vill Leit interesséiert. D’Kierch ass dobäi net nëmmen als sakraalt Gebai betruecht ginn, mee och als en Deel vun eiser Geschicht, eiser Kultur an eisem gemeinsame Patrimoine.
Moderéiert gouf den Owend vum André Kirsch (KuPa). D’Mme Laure Simon (ErwuesseBildung) huet d’Nolauschterer an d’Niklosexpo agefouert. Bäi der Table Ronde hunn André Bauler (Deputéierten, DP), Fränk Dimmer (Pastoralassistent), Pol Ewen (Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun), Elisabeth Koltz (INPA) a Félix Steichen (Paschtouer Par Miersch) hir jeeweileg Siicht op d’Thema matabruecht an d’Diskussiounsronn mat hirem jeeweilege Wëssen an hirem eegene berufflechen a gesellschaftlechen Hannergrond beräichert.
Ugefaangen huet d’Diskussioun mam legalen Hannergrond vun der Trennung vu Kierch a Staat an den Entwécklungen, den dat mat sech bruecht huet. De Fränk Dimmer huet mam flotte Beispill vun der flexibeler Notzung vun der Hueschterter Kapell (Gemeng Rammerech)der Ronn an och dem Public eppes Konkretes gewisen. De Fokus loung dobäi ëmmer, wéi kann en d’Gebai als gebautent a konschtgeschichtlecht Ierwen an awer och de sakrale Raum gläichermoosse respektéieren. Wat bitt den Denkmalschutz un Hëllefen an Aschränkunge bei der Ëmgestaltung a wat fir Verännerunge loossen sech mat der liturgescher Notzung akzeptéieren? Dës Froen a vill méi konnten aus reliéiser, sozio-kultureller oder politescher an denkmalpflegerescher Siicht beliicht ginn.
E Gedanken opgeworf vum Pol Ewen ass besonnesch hänkebliwwen: Mir sollten d’Kierchegebaier emol rëm méi schätzen als eis kulturell a konschthistoresch Zentren. Néirens anescht kréie mir an eisen Dierfer a Stied esou konzentréiert dat bescht gebueden, wat vergaange Generatiounen un Architekten, Steemetzer, Konschthandwierker asw, eis op enger Platz konzentréiert hannerlooss huet. Dat kréie mir a kengem Centre culturel gebueden.
Besonnesch erfreelech war, datt Leit aus dem ganze Land de Wee an d’Kierch op Konsdref fonnt hunn an dem Gespréich mat grousser Opmierksamkeet nogelauschtert hunn. D’Table Ronde war domat net nëmmen eng Diskussioun um Podium, mee och eng Invitatioun, fir selwer nozedenken an d’Gespréich iwwert eis Kierchen an hir Zukunft weiderzeféieren.
Ofgeschloss gouf deen Owend mat engem Patt, offréiert vun der KuPa. An entspaanter Atmosphär gouf nach déi eng oder aner Iddi aus der Table Ronde opgegraff, goufen Andréck ausgetosch an d’Gespréicher an engem méi informelle Kader weidergefouert. Genee dësen direkten Austausch huet gewisen, datt esou en Owend net nëmmen um Podium stattfënnt, mee och duerno tëscht de Leit weiderlieft.
Kultur a Patrimoine Konsdref seet alle Participanten alle Leit, déi dësen Owend mat hirer Präsenz an hirem Interessi bereet hunn, e grousse Merci.