September 2026 - NiklosExpo zu Konsdref – e Réckbléck


Ënner dem Titel „Den hellegen Niklos, seng Duerstellungen an Traditiounen zu Lëtzebuerg“ huet d'KuPa esou am September eng besonnesch Expo an der Konsdrëffer Kierch organiséiert.

Mee firwat eng Expo iwwer den Niklos am September?“ – Dat hunn sech sécherlech déi eng oder aner Leit gefrot, wéi si vun der NiklosExpo an der Konsdrëffer Kierch héieren hunn.

D'Äntwert ass eigentlech ganz einfach – an huet och e bëssen domat ze dinn, datt et ronderëm den Niklosdag an der Konsdrëffer Kierch zimmlech kal ka ginn! Mä virun allem wollt de Veräin Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa) dat zu enger Zäit, wou nach vill Leit an der Regioun ënnerwee sinn, och dëse wichtege Bestanddeel vun eiser Lëtzebuerger Traditioun weisen. A genee dat war och d'Iddi hannert der Expo: d'Lëtzebuerger Niklostraditioun ze weisen, ze erklären an ze vermëttelen. Vill Visiteuren aus dem Ausland sinn nach zu Lëtzebuerg an an der Mëllerdall-Regioun ënnerwee a besichen och d'Konsdrëffer Kierch. Firwat also net dës Geleeënheet notzen, hinnen e Stéck Lëtzebuerger Kultur a Patrimoine méi no ze bréngen?

Iwwer e puer Wochen haten d'Visiteuren d'Geleeënheet, sech mat den ënnerschiddlechen Duerstellunge vum hellegen Niklos, senger Geschicht an de ville Bräich ronderëm den Niklosdag zu Lëtzebuerg ze beschäftegen. Den Niklosdag ass iwwregens zanter dem 29. Juli 2019 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg agedroen. Als „liewegt Kulturierwen“ geet et dobäi net nëmmen ëm Objeten oder Duerstellungen, mee virun allem ëm Bräich, Erënnerungen, Geschichten a Wëssen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi ginn.

Besonnesch flott war, datt d'Expo eng Dose Senioregruppen aus der Regioun ugezunn huet. D'Visite gouf dobäi mat engem gemittleche “Kaffiskränzchen” an der Kierch ofgeschloss. Bei Kaffi a Kuch ass et zu engem liewegen Austausch komm: D'Senioren hu vun hiren eegenen Erënnerunge geschwat – wéi si den Niklos an hirer Kandheet erlieft hunn, wéi d'Traditiounen deemools gefeiert goufen a wat sech am Laf vun de Joren dorunner geännert huet.

Genee esou en Austausch mécht d'Iddi vum immaterielle Kulturierwe lieweg: Et geet net nëmmen ëm eng Ausstellungs, mee virun allem ëm d'Wëssen, d'Erënnerungen an d'Traditiounen, déi vu Mënsch zu Mënsch a vu Generatioun zu Generatioun weidergi ginn.

D’Offer vu pedagogesche Visitte fir Schoulklassen huet leider net déi erwaarte Resonanz fonnt.

Nieft de geplangte Gruppe sinn ëmmer nees Touristen an eenzel Visiteuren an der Kierch a Rou duerch d’Expo getrëppelt. Den Interessi war esou flott, datt d'Ausstellung bis Enn September verlängert gouf.

E besonnesche Moment war de Kiermesweekend zu Konsdref. Vill Interesséierter hunn d'Geleeënheet genotzt, fir d'Expo ze besichen. Een Austauschgrupp vun Nazaré aus Portugal war zu Besuch. D'Gemeng Konsdref huet eng Partnerschaft mat der portugisescher Stad, an esou konnt och dëse Besuch e flotte kulturellen Austausch mat der lëtzebuergescher Patrimoine- a Niklostraditioun verbannen.

D'Expo huet domat net nëmmen Informatioun vermëttelt, mee och Erënnerungen, Geschichten an Traditioune matenee verbonnen. Virun allem den Austausch tëscht de Generatiounen huet gewisen, wéi staark den hellegen Niklos nach ëmmer an den Erënnerunge vu ville Leit verankert ass – a wéi sech Traditiounen dobäi mat der Zäit veränneren.

D'KuPa seet dofir e grousse Merci un all déi, déi zum Gelénge vun der NiklosExpo bäigedroen hunn. E besonnesche Merci geet un d'Madamm Laure Simon, zesumme mat der Madamm Danielle Mertes vun der Erwuessebildung, an natierlech un all déi fläisseg Hänn am Hannergrond, déi bei der Preparatioun, der Organisatioun an der Begleedung vun der Expo matgehollef hunn.

E Projet, dee gewisen huet: Patrimoine lieft virun allem dann, wann en erzielt, gedeelt a weidergi gëtt.

Text a Fotoen: KuPa