D’ASBL Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa) wier frou, wann Dir al Fotoen a Postkaarten aus der Gemeng Konsdref mat eis ze deele géift.
Mir siche Bildmaterial aus den Dierfer vun der ganzer Gemeng Konsdref (Kolwent, Konsdref, Marscherwald, Präitler Scheedgen a Wuelper) déi d’Liewen, d’Leit, d’Gebaier an d’Geschicht vun eiser Géigend weisen.
D’Zil vun dëser Kollekt: eist lokal Memoire ze erhalen an ze valoriséieren, fir datt och zukünfteg Generatiounen e Bléck an eis Vergaangenheet kréien.
📌 Är Originaler bleiwen natierlech bei Iech – mir kënne se och gäre fir Iech digitaliséieren.
📌 Och Informatiounen zu de Fotoen (Nimm, Joer, Plazen, Evenementer) si ganz wäertvoll fir eis.
Wann Dir Fotoen oder Postkaarten hutt, déi Dir mat eis deele wëllt, da mellt Iech w.e.g. mat enger Noriicht op: kupakonsdref@gmail.com
Zesumme kënne mir e wichtegt Stéck vun eiser Geschicht erhalen!
Villmools Merci am Viraus
Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa) ASBL
https://www.facebook.com/KuPaKonsdref
#kupakonsdref #kulturapatrimoinekonsdref
#kolwent #konsdref #marscherwald #praitler #scheedgen #wuelper