Eischt-Hëllef-Cours

Och wann d’Rettungswiesen an eisem Land ëmmer méi professionaliséiert gëtt, sinn éierenamtlech Sekuristen am deegleche Liewen net ewech ze denken. Am Eeschtfall kënnen di richteg Handgrëff bannent e puer Minutten e Liewe retten oder schwéier Behënnerungen hëllefe vermeiden. Keen Helikopter, kee Samu a keng Ambulanz kann a sou kuerzer Zäit op der Plaz sinn. Mat dëse Gedanken huet den Instrukter Carlo Gillen op de Wäert vun deem Diplom higewisen, deen di 28 um Éischthëllefcours Bedeelegt sech éierlech verdéngt hunn a vum Buergermeeschter André Poorters iwwerreecht kruten.

A véierzéng Seancë vun zwou Stonnen tëscht Oktober a Februar, professionell a mat deem néidege Fangerspëtzegefill vum jovialen Instrukter geleet, hunn d’Kandidate mat vill Begeeschterung an Engagement d’Grondprinzipie vun der Éischter Hëllef kenne geléiert respektiv opgefrëscht.

D’Organisatioun vun dësem Cours louch an den Hänn vun de Pompjeeën Gemeng Konsdref ënnert der Féierung vun hirem Corps-Chef Daniel Thiel.