Hëllef fir Ukrainesch Flüchtlingen

Dräi Konsdrëffer Vereenegungen haten de vergaangene 17. November op eng sympathesch Scheckiwwerreechung un d’Caritas Lëtzebuerg, vertrueden duerch d’Madame Caroline Theves, an de Festsall um Scheedgen invitéiert. D’Konsdrëffer Massendénger mat engem Deel vun hirem Klibberloun, d’Jeunes Mamans Consdorf mam Erléis vum Ouschterärverkaf an d’Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf mat der Quête bäim Concert Metal & Pipes haten et zesummen op d’Zomm vun 3.000,- € bruecht.