Héich Auszeechnung beim Konsdrëffer Kanner- a Jugendchouer

An der kierzlech ofgehalener Generalversammlung vum "Konsdrefer Kanner- a Jugendchouer" krut d’Dirigentin Claude Keiser vum Schäfferot – André Poorters, Camille Weiland, Marco Bermes - dee vun der Konsdrefer Gemeng gestëfte Präis vum „Méritant culturel 2015“ iwwerreecht. Den Ausschlag fir dës Auszeechnung hat ënner anerem e mega Event am Centre Gaston Stein zu Lënster ginn: de Musical „Catherine oder Ketty’s life“. Ronn 2.000 begeeschtert Leit haten sech an zwou ausverkaafte Virstellungen dës musikalesch Schlabäitzchen, eng Co-Produktioun vun de "Lënster Ouerewierm" an dem "Konsdrefer Kanner- a Jugendchouer", net laanscht d'Nues goe gelooss. Di musikalesch Arrangementer an d’Gesamtdirektioun louchen an den Hänn vum Claude Keiser. D'Texter stamen aus der Fieder vum Françoise Hetto. Verantwortlech fir d’Inszenéierung war de Rob Wagner.