Seniore-Party zu Konsdref

Tëscht de Feierdeeg, den 29.12.2016 hat d'Konsdrefer Gemeng hir eeler Matbierger op eng flott Seniore-Party invitéiert. Ronn 100 Dammen an Hären haten dës Invitatioun mat Freed ugeholl. Fir eng Kéier hu si net mussen hannerem Kachdëppe ston. Mee Punkt 12 Auer konnte si sech am Centre polyvalent Kuerzwénkel un den Dësch setzen a sech en deftegen dräigängege Menü zerwéiere loossen.
Fir gemittlech Hannergrondmusek huet de Woody Woodpecker iwwerem Iesse gesuergt. An duerno, als sportlechen Digestif, hunn eng Rei Leit sech souguer op d'Danzpiste getraut.
Sou wéi de Schäffe Marco Bermes et a senger Begréissung gewënscht hat, huet d'Gesellschaft e puer gemittlecher Stonnen an hirem Bekanntekrees verbruecht.
Um Enn krut nach jiddereen eng gutt gefëllten "Tiitche" mat Mëllerdaller Produiten an d'Hand gedréckt.
D'Seniore soe villmools Merci a freeë sech op d'Party 2017.