Chorale Les Villageois Contern

Chorale Les Villageois Contern

Josée Colbach-Ries feiert de 85. Gebuertsdag

Eng kleng Delegatioun vum Comité huet gëschter, den 1. Abrël um Dag selwer drop gehale fir eiser Éieresekretärin Josée Colbach-Ries di allerbeschte Wënsch fir dee schéine Gebuertsdag ze iwerbréngen.

Eis Jubilarin woar Member zu Miersch an der Chorale vun 1949 - 1957

Zënter 1967 Member bei Les Villageois Contern

2018 Diplom vum H. Äerzbëschof fir 60 Joer Kierchesängerin.

Am Comité vu Les Villageois Contern 1971 - 2022

Sekretärin 1979 - 2013

Mir wënsche nach en etléch Joer bei gudder Gesondheet derbäi