Chorale Les Villageois Contern Éierepresident Emile Stirn feiert 90 Joer

Den 23. Januar 2019 huet eisen Éierepresident Emile Stirn séng 90 Joer gefeiert.

Deen Dag wollte mir als Chorale net einfach esou eriwer goe loossen, mir hunn eis an der Seniorie Ste-Zithe zu Conter gesinn, wou den Emile mat sénger Famill op eis gewaart huet.

Am Numm vun alle Membere vun der Chorale huet de bal komplette Comité dem Emile fir deen héije Gebuertsdag gratuléiert.

Wa mer zréck kucken, stelle mer fest dass den Emile vill Verdéngschter opweises huet:

Aktive Member an der Chorale zu Beetebuerg vun 1938-1954

Aktive Member an der Chorale Les Villageois Contern vun 1954-1995

Comités Member vun 1960-1991

Sekretär vun 1967-1979

1976 Sekretär vum Organisatiounscomité fir den 150. Anniversaire

President vun 1979-1991

Éierepresident op Liewzäit zënter 1991

Vun allen Auszeechnungen déi him am Laf vun de Joren iwerreecht goufen, sief just gesoot, dass hien 1987 d'Plaquette am Gold fir 50 Joer Déngscht un enger gudder Sach vum Piusverband iwerreecht krut.

Den Emile hat sech net huele gelooss, bei gudder Ambiance, engem kille Pättchen an enger klenger Assiette vum Haus preparéiert, si munch Anekdoten erzielt ginn, an dat méi wi eemol mat teffend, sprëtzegem Tëscheruff vum Jubilar.

Nodeems mer dem Emile nach en etléch Joer bei gudder Gesondheet derbäi gewënscht hunn, woar et un der Zäit Merci ze soën, a sech op den Heemwee ze machen.

Muller Roby