Chorale Les Villageois Contern Marcelle Medinger-Heuertz feiert 90 Joer

De 17. November 2019, dat woar den Dag wou eis fréier Sängerin Marcelle Medinger-Heuertz séng 90 Joer gefeiert huet. Zesumme mat séngem Mann Jos. Medinger, och e gutt bekannte fréiere Sänger vun der Chorale wunne si elo schon eng Zäitchen an der Seniorie Sainte-Zithe zu Conter.

Eng Delegatioun vum Comité huet sech do begéint fir dem Marcelle fir dee grousse Festdag ze gratuléieren. A Presenz vun hierer Duechter Sonny Bintener-Medinger hu mir di bescht Wënsch, verbonne mat enger passender Blimmchen fir dee schéinen Alter iwerbruecht, an nach en etléch Joer bei gudder Gesondheet derbäi gewënscht.

Em Marcelle séng aktif Zäit geet vun 1968 - 2004, ëmmerhin 36 Joer.

An enger flotter Ambiance, e klenge Maufel vum Haus preparéiert, an engem kille Pättchen si munch schéi Momenter aus vergangener Zäit verzielt, a mat en etléchen Anekdoten ënnermauert ginn.

Roby Muller