Contern - Medailen fir verdéngschtvoll Sänger

Di dräi Gesangveräiner aus der Gemeng Contern, d'Choralen Caecilia Moutfort-Medingen, Sainte Cécile Éiter-Schraasseg, a "Les Villageois" Contern hu mat enger feierlécher Mass hier Patréinesch gefeiert. No der Mass, déi vum Paschtouer Nico Schartz zelebréiert gouf, konnten a Presenz vum Buergermeeschter Fernand Schiltz, dem Angèle Michels, Regionaldelegéierte vun der UGDA a vum Roby Muller, Member vum Comité Central vum Piusverband, verdéngschtvoll Sänger ausgezeechent ginn, an zwar:

Chorale Sainte Cécile Éiter-Schraasseg
d'Monique Schons fir 5 Joer Aktivitéit
d'Manon Molling fir 20 Joer
d'Pierrette Deutsch an d'Michèle Meyers fir 30 Joer

Chorale Les Villageois Contern
40 Joer Déngscht de Pierre Medinger

Eis bescht Gratulatiounen