Erem e grousse Succès fir d' "B.D. Contern" !

Och bei der 19. Editioun vun der "B.D. Contern" de leschte Weekend koume d'Frënn vun der 9. Konscht erëm voll op hir Käschten. A wann Samschdes och e puer zollitt Wiederen deelweis den Himmel iwwert dem Duerfkär verdonkelt hunn (an dobäi en passant och gläich kuerzfristeg d'Lautsprecheranlag lahmgeluecht hunn), so konnt dat déi richteg Fans awer nët dovun ofhalen, fir op deenen verschiddene Stänn no deem laang vermëssten Album aus hirer fréier oder kierzlecher Kandheet ze sichen.

Doniewt gouf ët Facepainting an den "Tigerentenrodeo" fir déi Kleng, d'"Highlands Pipes & Drums", e Clown op Stelzen, den Zauberer Jerry Logan, en Dréiuergelspiller, Karikaturen, Concerten vun der "Luma Band", den Itzeger Heebléiser, der Fanfare Bastenduerf, an an an. Fir Iessen an Drënken wuar natiirlech och beschtens gesuergt.

Och ze gewannen gouf et vill: Sou goufe net nëmmen eng Ballongfahrt an eng Dagesrees verspillt, mä et gouf och en Buchstaawerallye organiséiert, wou beim Tirage all zwou Stonnen um Stand vum "Knax-Club" vun der Spuerkeess déi glécklech Gewënner hir kleng a grouss Präiser konnte siche kommen.

Den Highlight woren awer sécherlech déi sëlleche Zeechner, déi an der Sportshal während deene zwee Deeg de Gäscht hire Wonsch fir eng eegen Zeechnung oder eng Dedicasse am Akkord erfëllt hunn.

Den 19. "Festival de la Bande Dessinée" vu Contern, deen och dës Kéier erëm tëscht 7000 an 9000 Payants-Visiteuren ugezunn dierft hunn, stoung 2012 ënnert dem Zeeche vum Albert Weinberg. De grousse Zeechner, dem mir ënnert Anerem den couragéierte kanadesche Jet-Pilot "Dan Cooper" verdanken, wor am September 2011 verstuerwen an zanter der 2. Editioun zu Contern derbäi gewiescht. (Cy)