Generalversammlung bei den Natur-a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall.

Viru kuerzem hunn d’Natur-a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hier Generalversammlung vum Joer 2021 ofgehalen. D’Präsidentin Suzette Schmit-Lehnertz konnt eng sëllege Memberen a Frënn zu Conter am Henkeshaus begréissen. Dobäi waren och Vertrieder vun der Gemeng Conter an de Nopeschgemengen, esou wéi vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun(LDF).

D’Geschichtsfrënn vum Ieweschte Syrdall hunn hiren Réckbléck, an hier weider Projete präsentéiert. Dobäi ass besonnesch de grousse Succès vun der Ausstellung 2021 iwwert Epicerien a Caféen aus der Géigend ernimmt ginn. Och 2022 wäerten d’NaGIS aktiv sinn, et ass schonn eng Visitt vun der Nationalbibliothéik fir dëst Joer geplangt.

Nodeems d’Finanze fir gutt gehale goufen an de Comité fir seng Aarbecht d’Entlaaschtung kritt huet, ass d’Madamm Marion Zovilé, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter op d’Wierke vun de NaGIS agaangen.

Als besonneschen Héichpunkt vum Owend huet d’Madamm Franziska Dövener, Archeologin beim Centre national de recherche archéologique, en opschlossräiche Virtrag iwwert d’archeologesch Ausgruewungen vun 2017 bis 2022 an de Conter „Pescher“ gehalen. Hei ass en intressante Réckbléck gemaach ginn iwwert déi gallo-réimesch Zäit, an der zu Conter eng gréisser Villa entstane war.

Als Ofschloss vun der Generalversammlung konnt no der Zäit vu Pandemie, och nees den traditionelle Pättchen offréiert ginn.