Den Ieweschte Syrdall am Wandel vun der Zäit.

D'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall (NaGIS) hu bei der Geleeënheet vun hirem 10 jährege Bestoen op Éiter an de Centre Culturel agelueden.

Op deene 6 Deeg vun der Ausstellung zum Thema "Liewen a fréieren Zäiten" , sinn iwwer 100 Fotoen aus dem fréiere Syrdall gewise ginn. D'NaGIS zesumme mat dem Foto-Club vu Schëtter haten des nostalgesch Biller zesumme gedroen.

Eng Partie intresséiert Memberen a Frënn sinn um Vernissage och nach mat engem Referat vun der Madamm Zeien vum Lëtzebuerger Nationalarchiv, iwwert dat neit Archivgesetz informéiert ginn. Weider ass op enger Konferenz iwwer d'Flouernimm, den Ursprong vun dëse Nimm, vum Här Mersch aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert ginn.

Op dem Éiter Kiermessonndeg gouf zum Thema "Gesellechkeet", sou ewéi dat fréier de Fall war, nees en traditionelle Brauch opliewe gelooss. D'Ham mat dem Kiermeskuch gouf zerwéiert. Dobäi hunn T.S.C. Royal Völklingen fir eng musikalesch Animatioun gesuergt.

Mir wëllen op dëser Platz all deenen déi zum gudde Gelénge vun eiser Ausstellung bäigedroen hunn, an all de Léit déi kucke koumen, en décken MERCI soen. Et ass eng Freed fir d'Geschichtsfrënn, wa mir ëmmer nees intresséiert Leit kënne fir déi vergaangen Traditioune begeeschteren.

Am Laf vum Joer 2024 wäerten d'NaGIS en zweet Buch eraus gi. Dëst Buch, wat elo scho ka bei de Comitésmembere vum Veräi bestallt ginn, handelt iwwer d'Aarbecht vun eise Virfahren, a wäert och op 10 Joer Veräinsgeschicht zeréck blécken.