D’NaGIS op Visitt an der Nationalbibliothéik

D’Natur- & Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hunn hier Memberen um 18. Juni 2022 agelueden, fir zesummen eng Visitt vun der Nationalbibliothéik ze maachen. An flotter Gemeinschaft hunn sech eng 15 Membere mat dem ëffentlechen Transport a Richtung Kierchbierg op de Wee gemaach. D’NaGIS sinn do an der Bibliothéik empfaange ginn, a kruten eng detailléiert Féierung vun den sämtlechen Infrastrukture vun der BNL gemaach. Den Här Pascal Nicolay huet eise Membere mat fachlecher Kompetenz en Abléck iwwert de Gesamtvolume vun impressionante 40km! Literatur ginn. Weider huet hien eis awer och Erklärungen zum Schaffen an der BNL ginn. Net nëmmen d’Gestioun vum Alldag, mee och den Archivage, d‘Pfleeg a Behandlung vun all de Wierker aus eiser Nationalbibliothéik stellen hier Mataarbechter ëmmer nees virun usprochsvoll Aufgaben.
No engem décke Merci, fir dës opschlossräich Visitt vun der Nationalbibliothéik, hunn d’NaGIS sech zeréck am Syrdall fonnt, fir do als Ofschloss zesummen ë gudde Maufel iessen ze goen.