Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

Generalversammlung bei de NaGIS

Am Centre Culturel zu Éiter war d'Generalversammlung vum Joer 2025 vun de Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall gutt besicht. D’Präsidentin vun de NaGIS, Suzette Schmit-Lehnertz, huet d’Gäscht begréisst an alle Memberen a Sympathisante vun de lokalen Natur- a Geschichtsfrënn e grousse Merci fir hiert Engagement gesot. Als Vertrieder vun der Gemeng Conter huet de Schäffen Ari Arrensdorff d'Aarbecht vun den NaGIS gelueft, an hinnen och fir d'Zukunft eng gutt Zesummenaarbecht mat der Gemeng versprach.

No dem offizielle Programm vun der Versammlung hunn d'NaGIS als Gaascht den Här Stefan Müllenborn vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur begréisst. An engem Referat huet hien de Gäscht interessant Detailer iwwert d'Syr, hire Verlaf an hier Entwécklung virgedroen. Den Owend hunn d'NaGIS mat hire Memberen a Gäscht bei engem gudde Patt ofgeschloss.