- Ë Seeërchestour an eis Vergangenhéet –

Et war e gesellegen Owend mat de Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall an dem Cercle Amical vu Méideng.

Zesummen hunn sech iwwer 30 Leit op eng Zäitrees gemaach, fir un längst vergaangen Anekdoten ze erënneren. Zesumme sinn si duerch d'Méidenger Steekaul an duerch de Buchholz op déi Platze gaangen, wou fréier des Seeërcher entstane sinn. Hei goufen op e néis d‘ Legenden a d'Geschichten aus den alen Zäiten opliewe gelooss. D‘Erzielerin Suzette Schmit-Lehnertz huet dem intresséierte Publikum déi laang vergaange Seeërcher iwwert de „Schappmännchen“, „D’Faass aus dem Buchholzerbësch“, oder dem „Wëlle Mann vun Duelem“ deen hei säin Onwiese gedriwwen huet, op eng spannend Aart a Weis virgedroen.
Duerno gouf dësen Owend am Centre-Culturel zu Méideng bei geselleger Stëmmung, engem gudde Maufel, an engem Patt ofgeschloss.