Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

Generalversammlung bei de NaGIS.

Viru gutt gefëlltem Sall hunn d'Natur- & Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall hier Generalversammlung ofgehalen. Dobäi waren och Vertrieder vun der Gemeng Conter a Schëtter, esou wéi vun der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun(LDF).

E Réckbléck op d'vergaangent Joer, Aktivitéiten a Finanzen, awer och en Ausbléck op den 10jähregen Anniversaire vun de NaGIS am Joer 2023 stoungen am Virgrond vun der Versammlung. Fir déi Geleeënheet schaffen d'NaGIS elo schonn un engem zweete Buch iwwert d'Geschicht vun de Bierger am Syrdall an der vergaangener Zäit. Thema vum Buch ass: "Zur Arbeit unserer Vorfahren".
Grouss war den Interessi duerno bei der Präsentatioun vum néie Gesetz iwwert den Denkmalschutz. Interessant ErklärFir déi Gelegenheet schaffen d'NaGIS elo schon un engem zweeten Buch iwwert d'Geschicht vun de Bierger an der vergangener Zäit.ungen an Äntwerten op eng Partie Froen huet den Här Sanavia als Direkter vum "Institut national pour le patrimoine architectural" de Leit ginn.
Bei engem gemittleche Pättchen ass dësen Owend vun de Frënn a Memberen vun de NaGIS ausgeklongen.