Ausstellung „Gesellechkeet, Spill a Fräizäit“

D'Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall haten zu dësem Thema op Éiter an de Centre Culturel agelueden.

Op deene 5 Deeg vun der Ausstellung iwwer d'Gesellechkeet, d'Spill an d'Fräizäit a fréieren Zäiten, hunn d'NaGIS sech kënnen iwwert de Besuch vun enger Partie intresséierte Frënn freeën.

Op dem Éiter Kiermessonndeg, gouf zum Thema "Gesellechkeet", sou ewéi dat fréier de Fall war, en traditionelle Brauch opliewe gelooss. D'Ham mat dem Kiermeskuch gouf zerwéiert.

Mir wëllen op dëser Platz all deenen déi zum gudde Gelénge vun eiser Ausstellung bäigedroen hunn, an all de Léit déi kucke koumen, en décke MERCI soen. Et ass eng Freed fir d'Geschichtsfrënn, wann mir ëmmer nees intresséiert Leit kënne fir déi vergaangen Traditioune begeeschteren.

D'NaGIS versichen och an Zukunft, mat Ärer Hëllef, dës Méiglechkeeten ze bidden.