Grouss Botz an der Gemeng Conter

E Freiden, den 31. Mäerz 2023 hat d’Gemeng Conter hir grouss Botz organiséiert. D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an de President vun der Ëmweltkommissioun soe jidderengem villmools Merci, deen, trotz dësem Wieder, de Wee op Conter gepackt huet fir den Dreck, deen aner Leit an d’Natur geheien, oprafen ze goen an eis ze hëllefen eis schéi Gemeng propper ze halen. E grousse Merci geet un eis Schoulkanner mat hirem Léierpersonal, eise Service technique, eis Bierger a Kommissiounen esou wéi eis Betriber aus der Industriezon.