Vereedegung vum neie Gemengerot

Den 19. Juli 2023 huet d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet déi nei Membere vum Gemengerot vereedegt.

Den Tom Jungblut (CSV) huet aus gesondheetleche Grënn säi Mandat als Conseiller net konnten unhuelen, esou dass den Yves Loose (CSV) no geréckelt ass.

Doduerch dass d’Claire Delcourt (LSAP) aus beruffleche Grënn net éligibel ass an de Geoffrey Thierie (LSAP) säi Mandat aus perséinleche Grënn net unhëlt, wäert den 2. Conseiller vun der LSAP an den nächsten Woche vereedegt ginn.

V.l.n.r.

De Gemengerot wäert déi nächst Joren dynamesch an engagéiert, ganz am Déngscht fir hir Bierger säi Mandat ausféieren.