Medinger Jos, Contern 90 Joer

Eng Delegatioun vun der Chorale "Les Villageois" Contern huet haut dem Jos Medinger fir séng 90 Joer gratuléiert. Gebuer ass de Jos de 27. Oktober 1925. Op der Memberslëscht vun der Chorale gesi mer de Jos vun 1945 - 1959, duerno, aus beruffléche Grënn eng Paus, an du nees aktive Sanger vun 1966 bis haut. Zënter e puer Joer huet hien sech an de Prouwen ofgemellt, mee ass praktesch an all Mass an eise Reihen ze fannen.
Mir wënschen dem Jos en etléch Joeren derbäi, an daat bei gudder Gesondheet.