Oeuvres Paroissiales Contern - Scheckiwerreechung vum Adventsmart 2015

Viru Kuerzem konnten d'Organisateure vum Adventsmart 2015 en Deel vum Erléis un de Jeff Hamen vun der Associatioun " BI NKA BI AFRIKA ASBL" iwerreechen.
De President vun den OEUVRES PAROISIALES CONTERN Eugène Medinger huet alle Leit déi um Adventsmart mat Bazar bénévol geholef hu Merci gesoot fir hieren Asatz. Nodeems den Tresorier Roby Muller kuerz d'Ofrechnung presentéiert hat konnt e Scheck vu 1500,-€ unn "BI NKA BI AFRIKA ASBL" iwerreecht ginn.
Dëst Geld gëtt investéiert fir e Weesenheem zu Kapalimé am Togo fir 30 Kanner ze bauen, an anzeriichten.
Mam Erléis, deen d'Associatioun um Adventsmart gemacht hat gouf, och zu Kapalimé e Pëtz gegruewen, wou elo d'Leit do gratis Zougank zu properem Drénkwaasser hunn.
Als Ofschloss huet de Georges Hansen, Gewënner vun der Ham, de Leit déi um Adventsmart gehollef hunn d'Ham ofréiert. Den Owend ass ausgeklonge bei engem kille Pättchen.