Abschid vum René Schmit

De 17. August huet de René Schmit säin Abschid vum Beruffsliewen zu Dickweiler op der Knupp gefeiert. Hien war vum 1. Mäerz 1986 bis den 31. Mee 2018 Aarbechter op der Gemeng Rouspert. D’ganz Personal souwéi de Schäffen- a Gemengerot wënschen dem René all Gutts a senger wuel verdéngter Pensioun.