Mat besonnescher Freed a bei gudder Gesondheet konnt d'Madame Jeanne Müller- Ketter , déi hiren Liewensoewend zënter 2008 am CIPA- Résidence du Parc - zu Dikrich verbrëngt, op 90 Joer erfëlltes Liewen zerëck kucken. De Buergermeeschter Claude Haagen mat sengen zwéin Schëffen René Kanivé an Claude Thill woren haut Freideg bei der Jubilarin lanscht komm, fir dem gut gelaunten Geburtsdagskand zesummen mat der Famill an der Direktioun vum Haus mat schéine Blummen zum 90. Gebuertsdag ze gratuléieren.
Méi heivunner ass deser Deeg am L. Wort ze liesen. ( FOTO: CHAREL REISER)