Den Inner Wheel Diekirch Ettelbruck ënnerstëtzt Special Olympics Luxembourg

Den Inner-Wheel Club Diekirch-Ettelbruck huet mat grousser Freed den Erléis vun hirer Benefizmarche, déi am Mee dëst Joer zu Ettelbréck stattfonnt huet, un Special Olympics Luxembourg iwwerreecht. D’Marche war eng Geleeënheet fir mat ville Frënn a Bekannten zesummenzekommen an sech fir en gudden Zweck ze engagéieren.