Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck: e Cheque fir d’Œuvres sociales de Bonnevoie

Am Kader vum Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck senger Reunioun vum 11. September 2023 konnten mir der Conferenciaire Jij Linster vun den Œuvres sociales de Bonnevoie e Cheque vun 2.000,- EUR iwwerreechen.

Si huet eis vun de villen karitativen Projeten vun dëser Équipe vun Fräiwëllegen erzielt an eise Cheque hëlleft esou beim Beschafen vun Iessen, Medikamenter oder soss néideg Artikelen fir Leit déi sech dëst net leeschten kennen, fir Hausaufgabenhëllef, etc.