Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck spent 3.000 € un d'Maison de la Porte Ouverte

Am Kader vu senger zweeter Reunioun vum Joer 2026/2027 huet de Club Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck d'Fondation Maison de la Porte Ouverte zu Gaascht gehat. An engem interessante Virtrag krute d'Membere en Abléck an d'sozial Aarbecht vun der Fondation, déi sech fir Mënschen a schwierege Liewenssituatiounen asetzt.


Fir dëst wäertvollt Engagement ze ënnerstëtzen, huet den Inner Wheel Diekirch-Ettelbruck der Fondation e Scheck am Wäert vun 3.000 € iwwerreecht – ganz am Sënn vun der Devise Reach & Inspire for a better World.