Engagéiert Fraen a Mammen Paren Dikrich /Ettelbréck


Scheckiwerreechung vun 7 000 Euro un dräi Vereenegungen

Dikrich: Zënter enger Zäit gehéieren d’Sektiounen Bettenduerf,Colmer- Bierg,Dikrich, Ettelbréck, Feelen/Mäerzeg a Schieren vun de Fraen a Mammem vun der Action Catholique des Femmes du Luxembourg all zesummen der Par Ettelbréck/Dikrich, un. Um 21. Mäerz as di traditionell Josefsfeier mat enger Mass an der Kierch zu Dikrich vum Abbé Romain Richer mat feierlichen Gesankeinlagen zelebréiert gin. Am Uschloss vun der Mass war et fir d’Presidentin vun de Fraen a Mammen Paren Dikrich/Ettelbréck, Henriette Mathias, no hire Wierder vun Wëllkomm, allen uwiesend Memberen och ganz haerzlich Merci ze soen fir hirt Engagement an dem vergaangene Joer. Aus dem Tätigkeetsbericht vum Denise Schwartz gong ervier, dat nit manner wi 27 Ausgäng an Organisatiounen, niewt zwéin Schecken am Gesamtwert vun 4 000 Euro et dat läscht Joer nit un ofwiesslungsräichen Aktivitéiten gefeelt huet. De Programm fir dest Joer gesäit esou aus: Basar/Sektioun Schieren (2. Abrël), Generalversammlung Sektioun Dikrich(12. Abrël), Generalversammlung Sektioun Ettelbréck/Waarken (19. Abrël). Oktavmass fir eeler a krank Leit zu Ettelbréck mat uschléissendem Iessen (8. Mee), Summerausflig op Maria Laach (5. Juni) an eng geplangt Summerrees op Cadzand/Holland (vum 12. bis den 16. Juni.). Duerno huet d’Vizepresidentin Félicie Renckens de Keesebericht virgelies an bemierkt, dat trotz Ausgaben vun

6 980 Euro d‘Vereenegung nach op enger zolidder Finanzbasis berout. D’Keeserevisoren Marie- Paule Lion an d’Liliane Knoch hun di exakt Buchführung och bestätigt. A senger Ried ass den Abbé Romain Richer op dat sozialt Engagement vun de Fraen a Mammen agaangen an huet dat gut Zesummeschaffen besonnesch geluewt mat der Hoffnung, dat dess Traditiounen an d’Kultur och an Zukunft sollen erhaale bleiwen. E Kader fir jonk Leit ze schaafen, fir sech am Veräinsliewen méi ze engagéiren, wier eng vun den Erausfuerdungen an der Zukunft. Och d’Nationalpresidentin Linda Hartmann huet di schéin Traditioun vun der Josefsfeier besonnesch begréisst. Verschidden Akzenter am Liewen vum hl. Josef géifen och ganz gut zu de Fraen a Mammen passen, wat sie och all mateneen an hirem alldeeglichen Liewen och materliewen. Ofschléissend huet d’Nationalpresidenten, alle Fraen a Mammen fir d’Zukunft och vill Erfolleg gewënscht. De Schluss vun der Versammlung war d’Iwereechung vun gläich dräi Schecken am Gesamtwert vun 7 000 Euro. Sou konnt Claudia Kühn e Scheck vun 3 000 Euro entgéint huelen, den dem Caritas- Buttek vun Dikrich zugut könnt. Den zweete Scheck vun 1 000 Euro as dem Claude Schwachtgen vun der école privée Sainte- Anne iwerreecht gin, den fir de Projet de solidarité Maison Shalom am Ruanda bestëmmt ass. Iwert de Scheck vun 3 000 Euro konnt d’Anne Leurs sech freeën, den fir d’Uschaafung vun Material bei der Vereenegung, Multiple sclérose Lëtzebuerg um Bill agesaat gett. Nodeems dat di dräi Scheckempfänger, niewt hirem grousse Merci och hirt jeweiligt Aufgabegebit kurz erklärt hun, huet Versammlung bei enger klengen Imbiss hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charel Reiser)