Frësche Wand am Velo Club Dikrich

De Velo Club Dikrich hott sich op senger Generalversammlung e neie Comité gin.


Neie President ass de Joel Kinn, dee säi Sekretärsposten un de Joé Leyder iwergëtt. D’Pierrette Ercolani bleift Responsabel fir d’Keess, déi trotz Pandemie a wéinst engem grousse Subside vun der Dikricher Gemeng mat engem Boni op den 31.12.2022 oofschléisst. Nei am Comité sin den Eric Besenius, Pascal Bormann, Ben Huberty, Jang Leyder a Misch Leyder.

An de Joren 2019-2022 hott de VCD mam Misch Leyder, Pit Leyder a Søren Nissen zwar 3 Coureurë verluer, ma si wäerten dem Club awer op eng aner Manéier erhale bleiwen.

Fir 2023 sti mat der Randonnée Échappée zu Konsdrëf de 7.5. an der Jempy Schmitz (13.8) zwee wichtig Evenementer um Programm, déi och nach engem gudden Zweck déngen.

Traurig stëmmt et de VCD, datt keng Kanner an de Veräin kommen. Course fuere steet nët un ischter Plaz, ma de Goût kënnt iergendwann vum selwen. Trainerë si prett, fir d´Kanner op engem ëmweltfrëndliche Verkéiersmëttel secher op de Stroosseverkéier virzebereeden.

Et gouf awer mat enger positiver Nott oofgeschloss: Eng mi enk Zesummenaarbicht mat der UCN Ettelbréck gëtt vu béide Säite net kategorisch ausgeschloss.


Vcdiekirch.jimdofree.com