Esou wéi am ganze Land huet déi Dikricher Sektioun "Ons Jongen & Meedercher" de 9. Oktober 2022 de Nationale Gedenkdaag ofgehale. Traditiounsgemäss hu mir deen Daag mat enger Gedenkfeier um Kräizwee ugefange, dee fir all d'Jongen & Meedercher aus dem Land déi d'Naziën an déi verhaasst Uniform gezwongen haten, opgeriicht ginn ass, an den 3. Mee 1981 ageweit gouf. Bei der läschter Statioun déi d'Médaille de la Reconnaissance Nationale dréit, an deene bal 5000 Leit gedenkt déi d'Jongen & Meedercher während där schwéirer Zäit an irgendenger Form gehollef hunn, awer och all deenen aneren Affer an eisen alliéierten Frënn déi sech agesaat hunn fir eisem Land d'Fräiheet zrëckzeginn, goufe Bloummen néiergeluegt, ënnert de Kläng vun der "Sonnerie aux Morts" an der "Heemecht", déi vum Nico Toussing a Kevin Bredimus vun der Dikricher Stadtmusek virgedroe goufen. Um selweschte Kräizwee hu mir och zesummen mat eise Frënn vun der LPPD Nord virum Friddensbaam deen am Joer 2013 vun der Ackerbauschoul do geplanzt gouf an dem Gedenksteen deen un d'Affer vu Sachsenhausen erënnert och Blumme néiergeluegt.
No dëser Feier hu mir un der Gedenkmass deelgeholl, an duerno zesumme mat der Dikricher Gemeng an dem lokale Syndicat d'Initiative gerben virum Monument aux Morts néiergeluegt. Dës Feier gouf begleet duerch een détachement vun der Lëtzebuerger Arméi, Vertrieder vun der Police, dem Paschtouer an dem Cäcilienveräin vun Dikrich an enger Unzuel vun Dikricher Bierger.