Grouss Lëtzebuerger Schicksaler am Zweete Weltkrich

Ausstellung iwwert „Ons Jongen a Meedercher“ an d’Krichsgefaangenelager 188 Tambow

Péiteng. – Fir den Optakt vun der grousser Erënnerungsfeier fir déi 90 jonk Lëtzebuerger Affer vum Massaker vum 30. Januar 1945 zu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) haten d’Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme an d’Amicale des Anciens de Tambow an Zesummenaarbecht mat dem Comité du Souvenir de la Commune de Pétange (CSCP), der Gemeng Péiteng an dem Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange am Kulturhaus «A Rousen» eng Ausstellung zum Thema « Ons Jongen a Meedercher» a «Gefaangenelager 188 Tambow» organiséiert.

Op dem Vernissage vun dëser duebeler Ausstellung sinn de Roland Breyer (Präsident vum CSCP), den Erny Lamborelle (Präsident vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun), den 1. Schäffen an Deputéierten Jean-Marie Halsdorf an de Paul Scholer (Präsident vun der Amicale vun den Tambower) op déi zwee tragesch Evenementer vum Zweete Weltkrich agaangen, déi d’Lëtzebuerger Jugend vun deemools schwéier getraff hunn. An der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 sinn am Zuchthaus vu Sonnenburg (Ostbrandenburg) an enger barbarescher Aktioun 823 Prisonnéier vun engem SS-Sonderkommando vu Frankfurt/Oder erschoss ginn. Ënnert hinne ware 90 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierter am Alter vun 19 bis 24 Joer, déi vun der Nazi-Militärjustiz wéinst „Fahnenflucht“ a „Wehrkraftzersetzung“ zu laange Prisongsstrofe veruerteelt gi waren. Vun dësen Affer koumen der net manner wéi 11 aus der Gemeng Péiteng.

Am zweeten Deel vun der Ausstellung, fir déi den Amicale-Vizepräsident Vic Steichen besonnesch Recherchen iwwert d’Affer aus der Gemeng Péiteng gemat hat, ass d’Leidensgeschicht vun deene ronn 1.000 jonke Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierte gewise ginn, déi tëschent 1943 an 1945 am sowjetesche Krichsgefaangenelager Nr. 188 bei Tambow a Russland internéiert waren a gelidden hunn. Eng 167 vun hinne sinn a Russland begruewen an eng weider 50 sollten den Heemtransport net packen oder sie kuerz duerno doheem gestuerwen. Eigentlech sollt am Joer 2020 de 75. Anniversaire vum grousse Retourfr de 5. November 1945 op Lëtzebuerg vun enge ronn 600 Tambower Jonge gefeiert ginn, wat allerdéngs wéinst der Corona-Pandemie net méiglech war an duerno mat enger Ausstellung, enger ausféierlecher Broschür vun 286 Säiten, der grousser Opschrëft „75 Joer zeréck an d’Heemecht“ op enger CFL-Lokomotiv an der Daf vun enger Rous mam Numm „Tambower Jongen“ nogeholl gouf.

All Riedner hunn d’Noutwendegkeet vun der Fortsetzung vun der Erënnerungsaarbecht fir all dës Krichsaffer ënnerstrach, déi leschten Enns mat hirem Doud och zur Fräiheet an Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg bäigedroen hunn.

Fir de musikaleschen Encadrement vun der Vernissagefeier, déi mat engem vun der Gemeng Péiteng offréierten Empfank ofgeschloss gouf, huet den André Mergenthaler, e Jong vu Rolléng (Lamadelaine) aus der Gemeng Péiteng, op eng beandrockend Manéier gesuergt.

Billertext:

D’Organisateure vun der duebeler Ausstellung zesumme mat Éieregäscht bei der Vernissagefeier.