Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme

„Dat gréisste Krichsverbrieche vun den Naziën un der Lëtzebuerger Jugend“

Wierdeg Erënnerungsfeier un de Massaker viru 77 Joer zu Sonnenburg (Slonsk)

Péiteng. – Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Péiteng, dem „Comité du Souvenir de la commune de Pétange (CSCP) an dem «Syndicat d’iniative et de tourisme de la commune de Pétange» huet d’d’Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiertefederatioun de 77. Joresdag vum Massaker vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) op eng ganz wierdeg Manéier begaangen.

Fir d’éischt gouf Freides am Kulturhaus „A Rousen“ eng Dokumentarausstellung iwwert den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg mam Generalstreik vun 1942 als Schwéierpunkt an iwwert dat sowjetescht Krichsgefaangenelager 188 vun Tambow opgemat.

Sonndes stoung de grausame Massaker selwer am Mëttelpunkt, bei deem en SS-Sonderkommando vu Frankfurt/Oder an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1942 am Zuchthaus vu Sonnenburg 823 Prisonnéier kalbliddeg erschoss huet. Ënnert hinne waren 90 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert am Alter vun 19 bis 24 Joer, déi vun der Nazi-Militärjustiz wéinst „Fahnenflucht“ a „Wehrkraftzersetzung“ zu laange Strofe veruerteelt gi waren.

Ënnert den Éieregäscht, déi un der grousser Erënnerungszeremonie an der Porkierch St. Hubert deelgeholl hunn, waren de Chamberspräsident Fernand Etgen, de Minister Franz Fayot, d’Deputéierten Marc Goergen, Jean-Marie Halsdorf, Marc Spautz a Carlo Weber an d’Botschafter Melitta Schubert (Éisträich), Piotr Wojtczak (Polen) a Bernardo de Sicart (Spuenien).

A senger Begréissungsried huet den CSCP-Präsident Roland Breyer ënner anerem drop higewisen, dass d’Gemeng Péiteng direkt vum Massaker vu Sonnenburg betraff war mat net manner wéi 11 Jongen, déi brutal erschoss gi sinn, an dass 1990 am Sockel vum Monument aux morts zu Lamadelaine eng Urn mat Buedem vu Sonnenburg bäigesat gouf.

Als Präsident vum «Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale» huet de Josy Lorent déi exemplaresch Gedenkaarbecht gelueft, déi d’Gemeng Péiteng zënter Jorzéngte fir d’Affer vum Zweete Weltkrich leescht. Hien huet awer besonnesch elo, wou et bal keng Zäitzeie méi gëtt, eng nei Erënnerungskultur un den Zweete Weltkrich a seng Affer gefuerdert, an déi d’Jugend mat agebonne muss ginn. An Zäite vu Rassismus, Antisemitismus an och Attacken op d’Demokratie am Zesummenhank mat der Corona-Pandemie misst d’Gedenkaarbecht onbedéngt och als Warnung verstane ginn.

Den Erny Lamborelle, Präsident vun der «Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du nazisme», ass am Detail op den Oflaf vun der schrecklecher Massakernuecht vum 30./31. Januar 1945 agaangen an huet deene Lëtzebuerger Jongen, déi ëmbruecht goufen, an hire Familljen verséchert, dass sie an hier Affer nie vergiess ginn.

De Chamberpräsident Fernand Etgen huet sech schockéiert a revoltéiert iwwert de Massaker vu Sonnenburg gewisen, deen als gréisste Massemord op enger eenzeger Plaz u Lëtzebuerger eng wichteg Stellung an der kollektiver Mémoire vum Grand-Duché anhëllt. Duerch d’Zwangsrekrutéierung vun iwwert 10.000 Jongen an 3.600 Meedercher wär direkt oder indirekt all Famill betraff gewiescht.

Fir de Minister Franz Fayot, offizielle Vertrieder vun der Regierung, hätten déi jonk Männer a Fraen deemools duerch déi vun den Nazien proklaméiert Zwangsrekrutéierung viru kengem einfache Choix gestanen. Eng richteg oder eng falsch Decisioun hätt et do net ginn, mee villméi individuell a vun der Situatioun ofhängeg Entscheedungen. An enger Zäit vun Onsécherheet a wirtschaftlecher Kris missten all Verantwortlech an der ganzer Gesellschaft ëmmer nees no neie Weeër sichen, fir d’Erënnerung un déi schwéier Krichsjoeren z‘erhalen an esou Demokratie, Toleranz a Solidaritéit ze stäerken.

Ganz ergräifend war déi Zeremonie, wou jonk Scouten, Guiden a Pompjeeën aus der Gemeng Péiteng vun ongeféier dem selwechten Alter wéi déi 90 Affer vu Sonnenburg, deenen hir Nimm opgeruff goufen, éier sie fir jiddereen eng Käerz ugefaangen hunn.

Nodeems den Abbé Jean-Pierre Reiners eng Gedenkplack aus Bronze ageseent hat, ass déi vun der Madame Viviane Daman moderéiert patriotesch Feier an der Kierch mat der „Heemecht“ zu Enn gaangen.

Bei enger vun der Gemeng Péiteng offréierter Receptioun am Kulturhaus „A Rousen“ huet de Buergermeeschter Pierre Mellina, ëmgi vun de Schäffen Jean-Marie Halsdorf, Raymonde Conter-Klein a Romain Mertzig, allen Organisateuren vun der memorabeler Erënnerungsfeier e grousse Merci gesot.