L.P.P.D. Sektioun Nord-Est Generalversammlung 2018

D'L.P.P.D. Sektioun Nord-Est hat kierzlech hir Generalversammlung am Hôtel-Restaurant Beau-Séjour. Virum Mëttegiessen gouf bäi dem Monument nieft der Kierch un all déi geduecht déi fir eis Fräiheet hiert Liewen geaffert hunn. Begleet gouf dës Zeremonie vum "Clairon d'Honneur" Edmond Faber.

An der Versammlung virun 39 Leit huet d'Presidentin Anita Balthasar-Lentz ënner Anerem eng Gedenkminutt ageluecht fir déi Verstuerwen vun onser Sektioun - ganz besonnesch awer fir hire Virgänger, den Här Fromes Ernest, dee ganz onerwaart aus eiser Mëtt gerappt gouf.

De Sekretär-Keessier Nico Thill huet de Rapport vun den Aktivitéiten vum leschte Joer gemaach a konnt och eng gesond Keess virweisen, wat d‘Keessereviseuren Henriette Schartz-Stoos an Edmond Faber konnte bestätegen.

D'Sektioun besteet aus 251 Memberen an ass mat 3 Leit am Comité Exécutif vun der L.P.P.D. vertrueden. De Sektiounscomité setzt sech zesummen aus der Éierepresidentin Lydie Reiles-Schmitz, der Presidentin Anita Balthasar-Lentz, dem Vizepresident Henri Lutgen, dem Sekretär-Keessier Nico Thill an de Memberen Feiereisen-Rausch Jacqueline a Schoug Jos.