Velo Club Dikrich

D'Generalversammlung 2024 vum VC Dikrich war viru kuerzem op der Bleessbréck, wou de President Joël Kinn eng Rëtsch Memberen, Fräiwëlliger an den FSCL-President Camille Dahm konnt begréissen. Mam Jacques Dahm an enger 3. Plaz um XCO Mountainbike-Championnat war de Veräin mat engem Podium vertrueden. Eng Rëtsch nei Coureurë koume bäi, dorënner och 3 Kanner, déi elo bei hire Frënn Reklamm fir de Veräin solle maachen.

Samsdesmoies um 9h30 ass all Woch en Tour vu ronn 2 Stonne mam MTB oder Coursevelo. Fort geet et bei der Sporthal, rue Merten. Jiddereen ab 18 ass wëllkomm. www.vcdiekirch@jimdofree.com. oder vcdiekirch@gmail.com