Grousse Summer Vide Greniers / Brocante / Vide Dressing

09
Jul
2017
09 Jul

Déifferdeng. Den traditionelle Rendez-vous firum franséische Nationalfeierdag vun de Floumäert am Déifferdenger Zentrum ass dëst Joer um Sonndeg den 9.Juli. Op der Moartplaz, an der Foussgängerzone, beim Pavillon virum Parc, esou wéi an de Stroossen "avenue de la liberté", "avenue Charlotte", "Emile Mark", "J.F. Kennedey", "Adolphe Krieps", "Grève Nationale", "Parc Gerlache" wäerten op deene bis elo iwwert 800 Meter laafende Stänn tëschent 9 Auer an 18 Auer wäerte dann nees eng Partie Raritéiten de Proprietaire wiesselen, an déi eng oder aner gutt Affaire wäert zustane kommen.


Fir iessen a Gedrénks ass wei ëmmer gutt gesuergt . D'Membere vum lokalen Schéissclub grillen an der Foussgängerzone virun Photo-Sud. Minimiez bidden hir handgeschnidde Fitten zum Verkaf un. Eisekuche an/oder eng Taass Kaffi a "Wäffelcher" oder "Madeleine" mat enger Taass Kaffi ginn fir den Télévie um Kiosk op der Moartplaz vun den Dame vun der "MonaKitchen" verkaf


Zousätzlech Informatiounen ginn et ënnert der Telefonsnummer +352 661 963 417 oder mail hobbydiff@handballredboys.lu oder differdange.videgreniers@gmail.com .


Weider Datumer am Déifferdenger Zentrum fir 2017 sinn Sonndes den 13.August a Sonndes den 10. September. De Ofschloss vun der Outdoor Saison ass dann fir Sonndes den 08. Oktober 2017 programméiert.