97. Generalversammlung vun der Philatelia Déifferdeng

E Sonndeg, den 11. Februar 2024, huet d'Philatelia Déifferdeng hir 97. Generalversammlung zu Déifferdeng an der Hall O ofgehalen.De President Michel Kirsch huet den Här Jos Wolff, President vun der FSPL an Éierepresident vun der FIP, d'Madame Andrée Trommer-Schiltz an de Jeannot Piron vum Bureau Permanent souwéi d'Memberen an all Éieregäscht begréisst. De Michel Kirsch huet erkläert, datt d'Memberen d'Häerz vun engem Veräin sinn, an huet den aktive Memberen Merci gesot, déi souwuel am In- an am Ausland u verschiddenen Ausstellungen deelgeholl hunn. E Merci gouf et och un d'Gemeng, déi leider net vertrueden war, fir déi materiell a finanziell Ënnerstëtzung an un d'Press fir all déi philatelesch Artikelen, déi hëllefen, datt d'Philatelie net vergiess gëtt. No der Begréissung gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuerwene Memberen a Philatelisten gehalen.

Duerno huet d’Madame Sylvie Giannotte den Aktivitéitsbericht vun der demissionéierter Sekretärin iwwerholl. Am Joer 2023 goufen 8 Mountversammlungen a 6 Komiteessëtzungen ofgehalen. D'Memberen hunn erfollegräich u Nationalausstellungen, der EXPHIMO zu Munneref an der Journée du Timbre zu Iechternach wéi och am Ausland zu Tréier (NAPOSTA), Gmunden (AT) an der Multilaterale zu Koper (Slowenien) deelgeholl.

De Michel Kirsch huet de Finanzbericht presentéiert. och wann en Defizit fir 2023 gemellt gouf, ass d'finanziell Situatioun vum Club gutt. D’Madame Pia Jost huet iwwert déi exemplaresch Keesegestioun geschwaat an d’Memberen opgefuerdert souwuel de Keessier wéi och de ganze Komitee ze entlaaschten, wat si mat Applaus gemaach hunn.

Well d’FSPL méiglecherweis d’Cotisatioun fir 2025 fir ëm 5,00€ erhéicht, huet de President Michel Kirsch der Generalversammlung eng Erhéijung vun der Cotisatioun fir 2025 vun nëmmen 2,00€ proposéiert, wat eestëmmeg ugeholl gouf.

Folgend Memberen goufen dunn geéiert

20 Joer: Joëlle Giannotte, Jeannot Piron, Loris an Théo Spano

30 Joer: Jessica a Marie-France Clemens, Paul Faten a Raymond Saunier

40 Joer: Umberto Bruschi (leider absent)

FSPL Éierenol am Bronze: Giannotte Sylvie, Bernard Kraemer a Pierre Steffen

No der Ried vum FSPL-President Jos Wolff an der fräier Debatt huet de President Kirsch de Memberen nach eng Kéier Merci gesot fir d’Kommen an d’Generalversammlung vun dësem Joer zougemaach. (Michel Kirsch)