AFIN QUE LA FLAMME DU SOUVENIR NE S`ETEIGNE JAMAIS

De 19. Mee 1944 sinn am KZ-NATZWEILER an der Kiselgrouf 11 Leit erschoss ginn, dovun waren 7 Lëtzebuerger deenen hir Äsche um Kierfecht zu Déifferdeng hir lescht Rou fonnt hunn.

De 19. Mee dëst Joer huet Gemeng Déifferdeng, zesummen mat der Amicale Natzweiler-Struthof eng, duerch d’Pandemie méi kleng, Gedenkfeier zu Déifferdeng um Kierfecht ofgehalen fir un déi Nazi-Affer ze erënneren.


Héi eng kuerz Virstellung vum KZ-Natzweiler-Struthof:

Opgangen den 21. Mee 1941, am Ganzen 70 Niewelageren.

D’Haptlager huet bestanen aus 17 Baracken, Gaskummer, Krematorium, Prisong a Steekaul. Lëtzebuerger waren der 405 do, 88 dovun si net méi heem komm. D’Lager ass evakuéiert ginn am Hierscht 1944 an ass den 23. November 1944 vun der amerikanescher Arméi eidel opfonnt ginn.

Deene Leit déi an der Residenz matgehollef, an de Kazetter gelidden an gestuerwen sinn, gedenke mir mat groussem Respekt.


D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht den 11. an 12. September eng Rees an d’Elsass fir ënner anerem un internationalen Gedenkfeieren am Lager Natzweiler-Struthof deelzehuelen an d’Lager ze besichen. Leit déi wëllen matfueren fannen déi néideg Informatiounen op der Homepage vun der Amicale: www.amicale-natzw.lu