Elo sinn se do, frësch aus dem Uewen, den "Déifferdenger Keramik Péckmännchen 2017".

Nodeems elo während 10 Editiounen en « Déifferdenger Keramik Péckvillchen » vun der Kënschtlerin Myriam Zimmer-Hoffmann vu Bieles fir den Féijoersmoart eraus koum, gëtt et dann elo fir 2017 en “Keramik Péckmännchen” vun der Kënschtlerin Bernadette Igel.

D'Keramik's Kreatiounen vun der Kënschtlerin vu Biergem bestinn oft aus Gesiichter an Männercher déi aus enger Fantasiewelt kommen, ähnlech ewéi d’Trollen aus den nordeschen Länner. D’Gesiichtsausdréck sinn frëndlech a witzeg, kombinéiert mat flotten Faarwen, an sollen d'Léit zum Schmunzelen bréngen an Liewensfreed vermëttelen.

Wéi och schonns an der Vergaangenheet ass den Déifferdenger Keramik Péckmännchen an enger limitéierter Oplag exklusiv am Verkaf den 1. an 2. Abrëll 2017 zu Uewerkuer an der Sportshal um 43.Fréijoersmoart deen organiséiert gëtt vun Hobbydiff94.