Groussen Succès beim Ouschterhuesen Vide Greniers an der Uewerkuerer Sportshal

Grouss war nees de succès op Ouschterméindeg zu Uewerkuer am Sportkomplex beim traditionelle Floumoart . Ronn 160 Aussteller haaten hir Sachen ausgestallt .

De nächste Rendez - Vous zu Déifferdeng ass elo am fraien an zwar den 1. Mee am Déifferdenger Zentrum. Nom Start an d' Saison um 1. Mee , si nach folgend Datumer fest reservéiert am Déifferdenger Zentrum, Sonndes den 11. Juni, Sonndes den 09. Juli , Sonndes den 13.August a Sonndes den 10. September. De Ofschloss vun der Outdoor Saison ass dann fir Sonndes den 08. Oktober 2017 programméiert.