Nei ASBL, déi am Noutfall Äerem Hausdéier d'Liewen rett!

D'A.s.b.l. SOS - Hausdéier aleng doheem bidd een 24/24 Stonnen Noutfall-Benoorichtegungszerviss fir Lëtzebuerg un an domatt eng Garantie, dass am Noutfall no Äerem Hausdéier gekuckt gëtt.

Wousst Dier dass Äere Mupp oder Äer Miez héichstens 1 Woch ouni Waasser iwerliewen?

Wat as en Noutfall?
Bei Häerzinfarkt, Schlaag, oder Akzidenter wou d'Persoun net direkt uspriechbar as, gëtt keen benoorichtegt.
Wiert Dier eng vun desen Persounen, wen kuckt no Äerem Hausdéier?

Dier gidd gäere Member bei der SOS - Hausdéier aleng doheem a.s.b.l.?
Dier kritt vun eis eng Memberskaart an Kredittkaarteformat an 2 Schlësselunhänger.
Dorop steet Äer perséinlech Membersnummer an Äeren Numm.
Mat denen Daten kënnen mir op Äer perséinlech hannerluechten Informatiounen iwert Äert Hausdéier an Äer Vertrauenspersoun z'réckgräifen, déi fir Äert Hausdéier bei engem Noutfall iwerliewenswichteg sin.
Sou as Äert Hausdéier gesëchert a gudd versuergt bis Dier erem bei em sidd.

Wen kann bei eis Member gin?
Jiddereen deen en Hausdéier huet! Siëf et Mupp, Miez, Villchen, Hamster, Mierschwéngchen, Fësch....

Firwat misst ech als Déierenhalter Member bei der SOS-Hausdéier aleng doheem a.s.b.l. gin?
Een Ziedel am Portmonni oder der Nopesch Bescheed soen, am Fall wou..., geet net duer.
D'Police kuckt am Noutfall ganz aleng no Äerer Carte d'Identité fir Iech z'identifizéieren, si sichen net no Ziedelen.
Dann gin déi gesetzlech virgeschriwwen Persounen benoorichtegt: de Mann/d'Fra, d'Elteren, d'Kanner. Net emol de Liewenspartner, geschweist nach den Noper!
Bei Häerzinfarkt, Schlaag, oder Akzidenter wou d'Persoun net direkt uspriechbar as, gëtt keen benoorichtegt.

Dofir sin dës SOS-Hausdéier aleng doheem-Schlësselunhänger esou wichteg!

De Secourist rifft eis op der spezieller Telefonsnummer un, déi um Unhänger steet, seet eis d'Memberskaart-Nummer an den Numm deen op der Kaart steet.
D'SOS - Hausdéier aleng doheem a.s.b.l. benoorichtegt dann sou schnell ewéi méiglech déi gewënscht Vertrauenspersoun, déi Dier eis ugin hudd.
Schnell an onkomplizéiert!

Méi Infos op eiser Websäit www.sos-hausdeier-aleng-doheem.lu

SOS - Hausdéier aleng doheem a.s.b.l. rett Liewen!

Merci fir Äert Vertrauen