Petitioun fir eng GesetzesÄnnerung betreffend eis Hausdéieren an der Keelt


No der sibirescher Keelt, déi mer dëse Wanter alt erem kennegeléiert hun, hu vill Leit sech beschwéiert a gekloot, dass Noperen hir Hausdéieren, virun allem Muppen, dobaussen halen!

Mir haten e Fall zu Léiweng, wou ee Mupp 24/24Stonnen am Zwinger souz, ze jéimeren an ze billen a wou d'Police och e puer Mol op der Plaz war.
En anere Fall as eng Famill zu Märel, déi hir 2 Golden Retriever moies an de Gaart schéckt an owes eréicht erem eranhëllt.
Dëst ouni Hütt, ouni Waasser, ouni Decken.
Mee hei ënnerhëllt leider keen eppes, hun d'Leit dach net e schéint neit proppert -deiert- Haus!

Dowéinst bieden ech Iech all dës Pétitioun z'ennerstëtzen an z'ennerschreiwen, dass mer op d'mannst 1.000 Ennerschrëften zesummenkréien an hoffentlech domatt folgend Gesetzesännerung fuerdere kënnen:

- d'Haltung vun Hausdéieren dobaussen an der Wanterzäit, also zweschen dem 21.12 an dem 21.3. an dest zweschen 22.00 an 6.00 Auer allgemeng ze verbidden
- d'Haltung vun Hausdéieren dobaussen zweschen 6.00 an 22.00 Auer a folgenden Fäll ze verbidden:
- zweschen dem 21.12 an dem 21.3 an un aneren Deeg wann d'Aussentemperatur enner 5°C läit.
- wann d'Hausdéieren keen Zougang zum Haus hun (z.B. eng Honds-/Kazenklapp)
- wann d'Hausdéieren keen isoléierten Ennerschlupf/Hütt hun, dee si virun Keelt, Hëtzt an Nidderschléi (Reen, Schnéi), Wand schützt, op dräi Säiten zou an der Gréisst vum Hausdéier ugepasst as.
- wann keen frescht a proppert Waasser dem Hausdéier zur Verfügung steet.

Des Bestemmungen betreffen all Hausdéier ausser Kazen mat Fräigang a Muppen vun nordësche Rassen, soulaang dës Muppen mindestens zu zwee gehalen gin a béid (Kazen mat Fräigang a Muppen vun nordëscher Rassen) d'Méiglechkeet hun an d'Haus ze kommen (Honds-/Kazenklapp).

Merci

http://www.petitiononline.de/petition/gesetzesaenderung-bez-der-haustierhaltung-im-winter-bei-kaelte/833