Pet-Psy-CaFe ënnerstëtzt d’Muppe-Bëss-Preventiouns-Woch mat Schoulvirträg a ganz Lëtzebuerg.
Perl, Dräilännereck, 9. Februar 2014 – Wärend der 3. Woch am Mee, maachen Doggone Safe Inc., Pet-Psy-CaFe an aner Organisatiounen opmierksam op ee vun den allgemengsten ëffentlechen Gesondheetsprobleemer: Muppebëss. D’Halschent vun all de Kanner déi bis den Alter vun 12 Joer vun engem Mupp gebass ginn, ginn haaptsächlech vum Familiemupp oder engem Mupp gebass, deen d’Kand kannt huet.
Zënter 2012 ginn ech reegelméisseg a Grondschoulen an erklären de Kanner d’Muppesprooch an soen hinnen, wéi si sech a verschiddene, potenziell geféierleche Situatiounen verhale sollen, fri Bëssvirfäll ze vermeiden.
Ech hu vill Schoulkommissiounen a Gemengen ugeschriwwen an de leschte Joeren a vill muppefrëndlecht Léierpersonal huet sech dofir interesséiert a mech an hir Klass agelueden. Zënterhir sinn ech och Member bei Doggone Safe wéinst hirem Programm, dee bei nach méi klenge Kanner kann ugewannt ginn.
Doggone Safe, eng gemengnëtzeg Organisatioun, déi sech der Muppe-Bëss-Preventioun iwwer d’Erzéiung , stellt och vill gratis Informatioun op hirer Websäit zur Verfügung (op Englesch) www.doggonesafe.com. Doggone Safe fërdert och den “Doggone Safe Be a Tree” Kannerprogramm. Dëse Programm, fir d’Schoulkanner, ass eng kuerz Presentatioun mat ville Fotoen an Aktivitéiten fir d’Kanner d’Signaler vum Mupp, déi hie mat der Kierpersprooch schéckt, ze verstoen. Den zentrale Message vun dësem Programm ass “Be a Tree” (Lëtz.: Sief e Bam!). Dëst ass, bleif roueg stoen wann e frieme Mupp op dech duerkënnt oder all anere Mupp deen droht oder iwwerängschtlech ass. Kanner léieren Muppendetektiven ze ginn, si sichen no den Hiweiser, déi d’Muppe mat hirer Kierpersprooch weisen an eis esou soen, wéi si sech fillen.
Doggone Safe a Pet-Psy-CaFe bidde folgend Tipps fir Elteren a Muppenelteren fir Kanner a Sécherheet ze halen:
Déi 3 wichtegst Saachen, déi Dir Äre Kanner bäibrénge musst
1.Muppen ginn net gär gedréckt a gekësst – Léiert Är Kanner kee Mupp ze drécken, z’ëmaarmen oder an d’Gesiicht ze këssen. De Familjemupp z‘ëmaarmen oder Gesiicht-Gesiicht-Kontakt si ganz üüblech Ursaachen fir Bëss am Gesiicht. Amplaz, léiert Är Kanner, de Mupp op der Broscht oder op der Säit vum Hals ze heemelen.
2.Sief e Bam wann e frieme Mupp méi no kënnt – Léiert Är Kanner roueg stoen ze bleiwen, wéi e Bam. Beem si langweileg an de Mupp geet méiglecherweis einfach weider. Dëst hëlleft bei frieme Muppen an all Kéiers wann de Familjemupp ängschtlech oder aggressiv gëtt.
3.Zeck ni e Mupp! – a stéier ni e Mupp, dee schléift, ësst oder eppes beschützt/bewaacht.
Déi 2 wichtegst Saachen, déi Eltere maache kënnen:
1.Iwwerwaachen – Huelt net un, dass Äre Mupp gutt mat Kanner ass. Wann e klengt Kand mat Ärem Mupp ëmgeet, sollt Dir och d’Hänn un Ärem Mupp hunn. Och wann Äre Mupp dee gréissten mat Kanner ass an nach ni gebass huet – firwat et drop ukomme loossen?
2.Trainéier Äre Mupp – Gitt mat Ärem Mupp an eng gutt Muppeschoul, wou mat positiver Verstäerkung geschafft gëtt, fir de Basisgehorsam ze léieren. Pëtzt ni Äre Mupp, rëselt en ni, wiergt en ni oder dréckt en ni nidder fir en eppes ze léieren. Muppen, déi esou behandelt ginn, gi wahrscheinlech éischter aggressiv géint méi e schwaache Familjemember. Bezitt méi grouss Kanner an den Training vum Familjemupp mat an, iwwerdeems Dir ëmmer iwwerwaacht. Erlaabt ni de Kanner de Mupp ze bestrofen. Konditionéiert Äre Mupp esou, dass d’Presenz an Aktioune vu Kanner fir hien mat positiven Erfarungen erlieft ginn.
Iwwer Pet-Psy-CaFe:
Mäin Numm ass Tania Hoffmann an ech sinn ausgebilt Muppeverhalensberoderin. Ech kommen zënter 2009 bei Iech heem, wann Äre Mupp onerwënscht Verhale weist, an Dir net wësst, wéi Dir dat Verhalen an déi richteg Bunn gelenkt kritt.
Ech ginn och a Schoulen an hale Virträg iwwer Muppesprooch, eben fir Bäissvirfäll ze vermeiden.
Iwwer Doggone Safe Inc.:
Besicht www.doggonesafe.com fir weider Informatiounen.
KONTAKT INFORMATIOUN:
Fir all Verhalensproblem, e Schoulvirtrag oder en anere Virtrag ze buchen:
Pet-Psy-CaFe
Tania Hoffmann
info@pet-psy-cafe.lu
www.pet-psy-cafe.eu