„Steampunk Festival 2011“: Interview mam…Lynn Schockmel (mat Video)

- D’Lynn Schockmel ; e richtege „Steampunk“ Fan? Oder wéi ass deen Optrëtt hei zoustaane komm?

„Et war haaptsächlech doduerch, well ech den Oli [den Organisateur Oliver Kayser] an de Pit [de Pit Winandy, och bekannt als „Cyberpiper“; dem Oliver säin Musëkerkolleg] kennen a si mech gefrot haten hei matzemaachen.“

- Iwwert déi 2 Deeg?

„Nee, just Sonndes. U sech sollt ech éischter komme fir ,Facepainting’ ze maachen. Mä ech hu mech do awer entscheed, e richtege ‚Bodypainting‘ ze maachen, passend zum Festival a zum Thema ‚Cyberpunk‘, mat Zännrieder, Schweesbrëll an Tuyauen.“

- A wéi laang huet dat gedauert?

„De ganze Bodypainting? – Gutt 3 Stonnen.“

- A virdrun, d’Entwéckele vum geplangte Design?

„Oh, dat bal 2 Méint.“

- A wéi hu d’Leit drop reagéiert?

„Déi meeschte Leit schwätze ni vill bei esou Demonstratiounen. Do erkenns Dë hir Reaktioun éischter an hiren Aen. Bei verschiddene war déi ,Wow!‘…Aanerer konnte manner domat ufänken.“

- Wor en Ënnerscheed zu anere „Bodypainting“-Showen bei de Visiteuren ze erkennen?

„Jo, d’Leit hu déi Saach vill méi am Detail gekuckt. Haaptsächlech bei de Protheese wollte si wëssen, wéi déi um Modell festgemaach goufen an ob déi wierklech aus Metall woren. – Wore si net. Si woren aus Latex, deen opgepescht gouf.“

- Goufen et och Gemeinsamkeete mat anere Showen?

„Och. D’Leit froe mech ëmmer erëm, ob d’Faarf herno erëm vum Modell ofgeet.“

- An, geet se erëm of?

[Muss laachen] „Jo, ganz gutt esouguer.“

- E lescht Wuert zum Festival?

„Déi Leit hei hu sech wierklech hir eege Welt geschaaffen. Wann een dat alles kuckt; d’Technik, d’Moud, …et ass alles schon richteg impressionant!“

[Foto: D’Artistin Lynn Schockmel a hiert Modell d'Christelle]

(Cy)