D’Musek Gemeng Dippech huet dëst Joer fir d’éischte Kéier erëm zanter laanger Zaït den traditionellen Hämmelsmarsch zu Dippech gespillt. E Samschden an e Sonnden si mir duerch d’Stroosse vun Dippech gezunn, fir d’Awunner mat flotter Musek an enger gudder Stëmmung z’erfreeën. Och wann d’Wieder sech net vu senger beschter Säit gewisen huet, huet dat eis Musikantinnen a Musikanten net dovun ofgehalen, e stëmmungsvolle Marsch ze spillen. Déi vill positiv Reaktiounen aus der Bevëlkerung hunn eis dobäi besonnesch gefreet.
E Sonnden huet d’Musek och bei der offizieller Ouverture vun der Kiermes zu Dippech fir de musikaleschen Akzent gesuergt. Traditionell gouf d'Kiermes mat de Lidder vum "Hämmelsmarsch" a "Kiermes am Duerf" offiziell agelaut. Trotz de Wiederkapriolen war d’Stëmmung bei de Leit exzellent, an d’Musek huet dozou bäigedroen, datt eng flott Festatmosphär entstanen ass.
E grousse Merci geet un all d’Awunner, déi um Wee stoungen a mat eis dës Dippecher Traditioun erëm opliewe gelooss hunn. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer, wann et nees heescht: „Et ass Kiermes am Duerf!“