Generalversammlung vun der Société Chorale Grand-Ducale DummeldengEnn Februar

Enn Februar hat d'Société Chorale Grand-Ducale Dummeldeng hir Generalversammlung an hirem Proufsall am Sentier de la Scierie zu Dummeldeng. De President Fränz Reuter huet all uwiesend aktiv an nët-aktiv Memberen begréisst. No enger kuerzer Usprooch huet hien eng Gedenkminutt ageluecht fir de Memberen, déi ons am leschte Joer verlooss hun, ze gedenken. Duerno huet hien d'Wuert un d'Sekretärin Denise Kraus gin déi hiren Jores- an Aktivitéitsbericht gemaach huet. Virun gefuer ass d'Tresorière Myriam Vion mat engem ausféerlechen Keesserapport an huet vun de Keesserevisoren Margot Biermann an Denise Kemer Décharge kritt. Uschléissend sin e puer aktiv Memberen mat Insignen, respektiv Medaillen vun der Ugda ausgzeechnet gin. Fir ofzeschleissen si déi austriedend Comiteesmembren erëm gewielt gin. No engerer kuerzer Usprooch vum Dirigent Serg Rosen an engem Ausbléck an d'Zukunft ass dunn d'Generalversammlung ofeschloss gin.