Advent&Chrëschtdag - Komm sang mat !

Mat grousser Freed huet d'Société Chorale Grand-Ducale Dummeldeng den 18.Dezember 2021 dëse Concert ënner der Direktioun vum Michel Rokar an dem Patrick Colombo op der Uergel an der Kierrch zu Weimerskierch gesongen. De Chouer wor begeeschter no bal 2 Joer Corona bedengter Paus endlech erëm optrieden ze kënnen. Mat egem flotte Programm mat lëtzebuerger, deitsch, franséisch, englech, italienesch an latein Lidder konnt de Chouer de Publikum begeeschteren a gouf mat groussem Applaus belount. Zum Ofschloss huet de President Fränz Reuter dem Dirigent an dem Ourgelspiller fir hir gutt Arbecht mat enger gudder Flesch Merci gesot, mee och dem Publikum fir seng Disziplin beim Covidcheck an dem opmierksamen Nolauschteren a Matsangen an schlussendlech de Sänger dat sie an där schwéierer Zeit dem Veräin trei bliwwe sin.