Gesang hällt jonk! Dat beweisen eis véier 80-jähreg!

An senger rezenter Sëtzung huet de Comité vun der Société Chorale Grand-Ducale Dummeldeng festgestallt dat duerch déi laang an kontaktarm Corona-Zeit vill vum soziale Liewen gelidden oder vergiess gin ass. Am Verein hun 4 Memberen 80 Joer kritt. Ët ass awer nie ze spéit fir eppes gutt ze maachen. An esou huet de Comité um Enn vun där nächster Prouf e Cadeau fir déi 4 Leit organiséert an hinnen fir hier 80 Joer gratuléiert an Merci gesot fir hir laang Trei zum Verein, verbonnen mat engem gudden Patt fir de ganze Verein.