Märr sënn e Grupp vo Leckt déi verschidden Traditiounen aus dem Duerfliewen oprecht erhalen. Dozou gehéiert de Buergsonndig, ma märr interesséieren eis iewer och fir d’Geschicht von eisem Duerf an d‘Erënnerungen do ronderëm.
Mat engem Gest von dankbarer Erënnerung feiere mär op eiser Kiermes,
Sonndes, den 18. Mee 2025, den 125 Joresdag zanter dem Bau von eiser Kierch.
Doduerch, dass nom Bau von der Eisebonslinn vo Lëtzebuerg op Ëlwen, ëmmer méi Eiseboner mat hire Familljen hei am Duerf bliwwe sënn, ass déi al Duerfkapell ze kleng gewiescht. 1898 hon d'Leckt aus dem Duerf, zesome mat der Gemeng an dem Kiercherot, eng nei Kierch geplangt an 1900 gouf se, esou wéi dat soll sënn, op de Fiels gebaut.
Zanterhier sënn an der Kierch a ronderëm vill schéin an iewer och trauereg Momenter erlieft ginn. D'Kierch hott zwee Weltkréicher matgemaach an hott 1945 bal ganz missen nei opgebaut ginn.
Mam feiere von enger Houmass, dem Seene von de Griewer an der Publikatioun von engem Blietchen iwwert d'Geschicht von der Kierch wëlle märr mat Respekt an engem Merci doron erënneren.
D'Houmass fänkt um hallwer 11 on, dono gëtt de Kiirfënt geseent an dann invitéiere mär op den Aperitif.